zurück 
26.06.2018

Der kleine Max aus Luxemburg wurde gesund und munter in Frankreich wiedergefunden

RTL Letzebuerg berichtet über die Klärung des Falles:

De Mann huet d'Kand virun der Schoul an den Auto gezunn an ass duerno mat engem groen Honda Insight mat Lëtzebuerger Placken a Richtung Areler Strooss gefuer.
D'Police huet am Laf vum Dënschdeg eng Amber-Alert lancéiert - déi Prozedur also, déi spillt, wa Kanner verschwannen oder entfouert ginn. De Parquet enquêtéiert. An d'Justizautoritéiten an d'Police haten e Krisenzenter en place gesat, fir d'Kand esou séier wéi méiglech erëmzefannen.
Um Dënschdeg den Owend da koum vum Lëtzebuerger Parquet d'Meldung, datt een de klenge Max "sain et sauf" a Frankräich erëmfonnt hätt. De Papp wier vun der franséischer Police interpelléiert ginn, heescht et weider. D'Lëtzebuerger Justiz a Police seet jidderengem, dorënner d'Populatioun an d'Medien, Merci, dee gehollef huet, de Bouf ze fannen.
Zeienaussoe vun engem RTL-Collaborateur no huet sech eng Koppel an der Mëtt vun der Strooss virun der Schoul gestridden. De Mann ass stoe bliwwen an d'Fra huet him erkläert, datt de Mann hire Bouf wéilt mathuelen. Kuerz drop huet den Auto sech dervu gemaach.
"Ech hu Leit héieren, déi haart geschwat a souguer gejaut hunn. An dunn ass de Mann fortgefuer an ech sinn him hannendrun gefuer. Ech hunn dunn direkt versicht, d'Police unzeruffen fir mech matzedeelen an ze soen "Hallo, ech sinn hannert dem Kidnapper", mä et ass keen op den Telefon gaangen. Ech hu gewaart a gewaart. Wei mir dunn op der Areler Strooss ukomm sinn, ass hien einfach iwwer d'rout Luucht gefuer an dunn huet en ugefaangen, richteg séier a verréckt ze rennen. Ech sinn awer weiderhin un him dru bliwwen. Ech hunn dunn nees versicht, d'Police unzeruffen an et huet nach ëmmer kee geäntwert. Mir si weider Richtung Stroossen gefuer, mä hien ass sou verréckt gefuer, iwwer rout Luuchten, an der Mëtt vun der Strooss. An dunn ass hannert e Bus gefuer."
Vun do un hat den Zeien de Mann aus den A verluer. Am Ganzen huet de Mann dräi Mol versicht, d'Police unzeruffen, eréischt déi drëtte Kéier hätt et geklappt, no geschat 15 Minutten. Dunn huet den Zeien all d'Informatioune weiderginn, déi hien hat.